D'FLASSA huet am leschte Joer un engem Projet Erasmus+ deelgeholl hunn, fir mat Leit mat spezifesche Besoinen ze dauchen. Hei de entspriechenden Artikel.

Am leschten CT vum 21.2.2024 gouf decidéiert den Aarbechtsgrupp "GT Special Needs" opzemaachen fir interesséiert Moniteuren awer och interesséiert Daucher, déi net Moniteur sinn. Niewent "Instructor" kann een och als "Buddy Diver" resp. als "Assistant" mat Leit mat spezifesche Besoinen dauchen.

Aktuell hu mer als FLASSA nach keen entspriechende Règlement technique. D'CMAS huet awer kierzlech Standarden ausgeschafft, déi mir am GT Special Needs fir d'FLASSA upasse wëllen.

Fillt dir iech ugesprach a wëllt hëllefen d'Dauchen am Behënnerteberäich hei zu Lëtzebuerg opzebauen, da mellt iech ganz einfach beim Jeanlou Gindt: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.