De Samschden éischte Juli gouf et Geleeënheet fir déi praktesch Epreuven vum P3 zu maachen.

Méi wéi 30 Epreuve konnten an dem Dag validéiert ginn. Déi 9 Kandidaten, déi ugemellt waren, ware präsent, genausou wie déi dräi Moniteuren, d.h. de Steve Carmentran, de Jean-Louis Gindt an den Alain Margrève. „Mir haten nek souvill Chance mam Wieder, et war de Kandidaten doduerch och relativ schnell kal, mee sie hunn dat awer super gemeet“ sot den Alain. Hei sinn e puer vu senge Schnappschëss fir eisen Internetsite.

20170701 p3 00320170701 p3 00420170701 p3 001

Um Reanimatiounscours hunn dës Kéier leider just 4 P3 an e Moniteur matgemaach hunn. Och wann et fir si wuel léierräich war, muss iwwerluecht ginn a wat fir enger Form dëse Cours an Zukunft vun der Federatioun soll ugebuede ginn, schreift de Jean-Louis.

20170701 ranimation 00120170701 ranimation 00220170701 ranimation 00320170701 ranimation 004