En éischt Treffe vun de Federatiounen FFESSM, LIFRAS et FLASSA am Kader vum Erasmus plus Projet „Handisub“ war de 25. a 26. Mäerz 2023 am indoor Dauchzentrum TODI an der Belsch.

En éischt Treffe vun de Federatiounen FFESSM, LIFRAS et FLASSA am Kader vum Erasmus plus Projet „Handisub“ war de 25. a 26. Mäerz 2023 am indoor Dauchzentrum TODI an der Belsch.

De Projet huet sech op de Kommunikatiounscode konzentréiert, dee fir Daucher mat engem Handicap dénge soll an dat op 3 Niveauen:

  • Persoune mat engem visuellen Defizit
  • Persounen ouni Mobilitéit vun hiren Äerm oder Been
  • Persounen mat Mobilitéit vun hiren Äerm oder Been

Dëse Kommunikatiounscode gouf fir d’éischt erschafft an am Dréchenen mat klenge Videoen opgeholl. Dëst soll d’Basis vun engem zukünftegen E-learning sinn.

An enger zweeter Etapp goufen entspriechend Videoen ënner Waasser vun enger professioneller Ekipp gedréint.

D’Delegatioun vun der FLASSA huet bestanen aus dem Laurent DURA (SACL), Carole GEORGES (SACE), Jean-Louis GINDT (SACL), Georges WEISSGERBER (SACW) et Guy ZIMMER (SACW).

Une première rencontre des fédérations FFESSM, LIFRAS et FLASSA a eu lieu dans le cadre du projet Erasmus plus « Handisub » en date des 25-26.03.2023. 

Le projet se concentre sur le code de communication pouvant servir à des plongeurs en situation de handicap à 3 niveaux :

▪ personnes à déficience visuelle
▪ personnes sans mobilité de bras/mains
▪ personnes avec mobilité de bras/mains

Ce code de communication est d’abord travaillé et enregistré à sec par des petites vidéos servant de base pour un e-learning futur.

Dans une deuxième étape, ces enregistrements sont réalisés dans l’eau en concertation avec une équipe vidéaste professionnelle.

La FLASSA a participé avec une délégation formée par Laurent DURA (SACL), Carole GEORGES (SACE), Jean-Louis GINDT (SACL), Georges WEISSGERBER (SACW) et Guy ZIMMER (SACW).