E grousse Merci un all déi Leit, déi den 8. Oktober 2023 um Open Day an der Coque matgehollef hunn. Vill Leit hunn de Wee an d’Coque fonnt an hunn Interessi un eisen Ateliere vu Tauch-Baptêmen, Apnée, Ënnerwaasserrugby a Mermaiding gewisen.

Mir hunn ënner anerem iwwer 50 Baptême gemaach an hu souguer e puer Leit aus Zäitgrënn missen ofsoen. Villmools Merci fir de vollen Asaz vun alle Benevolen aus de verschiddene Clibb, ouni si wier dat net méiglech gewiescht.